HOME COMITÉ KIERMES MANIFESTATIOUNE KONTAKT

Harmonie Municipale Clervaux

1990

Harmonie Municipale Clervaux

1960

EISEN DIRIGENT

We love music

Den Holger Bittner spillt Posaun am
"Großen sinfonischen Blasorchester des Musikkorps der Bundeswehr".

Zenter 2011 huet den Holger d'musikalesch Leedung vun der Cliärrwer Musik

Holger Bittner

Holger Bittner

EISE COMITÉ

Mer packen un

Eise Comité setzt sech aus folgende Leit zesummen:

Frans Rotink

President
Delegué Clarindo

Christiane Schaack

Secrétaire

Benoit Schmitz

Tresorier

Thérèse Jacobs

Archivar

Luc Keipes

Delegué EMCC
Responsabel Instrumenter

Zim Schaack

Éierepresident

Philippe Keipes

Responsabel Instrumenter

Nico Dechambre

Responsabel Material

François Nelissen

Member

Jos Bissener

Member

’t ass Kiermes am Duerf zu Wäicherdang

3.5.2000


Léif Lekt va Wäicherdang !

E Sonndeg, den 3. Mee 2020 feiert Dir zu Wäicherdang är Kiermes. Souwéi all Joer sollt och dëst Joer erëm déi Cliärrwer Musik bei Iech op d’Kiermes kommen. Fir d’éischt spillen mer den Hämmelsmarsch am ganzen Duerf, woubäi mer Iech dann em ee klengen Don froen, fir eis Keess vam Veräin opzebesseren. Uschléissend begleeden mer Iech dann ëmmer op ärer Prozessioun zu den 14 Nouthelfer.


Duerch déi aktuell Situatioun sinn all reliéis an weltlech Aktivitéiten annuléiert. Am Moment heescht dat fir eis Musik, dat mir kenger Aktivitéit, weder dobannen nach dobaussen dierfen nogoen : kee Concert, keen Hämmelsmarsch, keng Prozessioun, kee Cortège a keng Prouwen. Dofir dëse Bréif un Iech.


Hei gesitt der ee Video wou eis Musikantinnen an Musikanten fir Iech den Hämmelsmarsch an d’Kiermes am Duerf spillen. Mir hoffen Iech domat eng kleng Freed ze man a wënschen Iech domat eng schéi Kiermes.


Mir giffen eis freeën, wann Dir eis een klengen Don op eise Kont géift man (BCEE: LU39 0019 1655 2167 1000). Dëst kënnt Dir verbannen mat dem Bäitrag fir bäi eis Éieremember ze ginn. De Bäitrag fir Éieremember ass 8 €, a fir d’Kiermes ass all Don wëllkomm. Vermierkt eis w.e.g. an der Kommunikatioun Kiermes an/oder Éieremember.


Mir soen Iech elo schonn am Viraus een grousse Merci, wënschen Iech eng schéi Kiermes a bleiwt all gesond!


Cliärrwer Musek


WEEKEND MUSICAL 2020

Annuléiert wéinst COVID-19!


WMBanner

Kontakt